
Aktuell si 84 Patienten hospitaliséiert, dovunner 17 (-3) op der Intensivstatioun.
En Dënschdeg kruten iwwerdeems 377 Persounen hir 1. Dosis vum Vaccin a 348 Leit hir 2. Dosis. Am Ganze sinn dat elo 5.294 Persounen, déi geimpft goufen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.