Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Persoune gestuerwen, vun 11.697 Tester waren der 225 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 602 läit.
© RTL

Aktuell sinn 66 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.696 aktiv Infektiounen an 48.949 Persoune gëllen als geheelt.

E Dënschdeg kruten 138 Persounen hir 1. Dosis gesprëtzt, 376 Leit kruten hir 2. Dosis gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 18.653 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO