Licenciement abusif20.000 € Strof, Portugisesch Ambassade mellt sech zu Wuert

RTL Lëtzebuerg
De portugisesche Staat gouf zu enger Geldstrof veruerteelt, wéinst der Entloossung vun enger Botzfra op der portugisescher Ambassade hei zu Lëtzebuerg.

Dat deelt den OGBL an engem Communiqué mat. Dat zoustännegt Geriicht huet e licenciement abusif zeréckbehalen.

Ënner anerem gouf et kee Kënnegungsbréif an et wiere keng valabel Motiver genannt ginn. D'Ambassade muss am Ganzen Indemnitéiten an Héicht vun iwwer 20'000€ bezuelen.

- indemnité de licenciement: 9.566 euros
- indemnité de congés non pris: 96,63 euros
- indemnité pour préjudice moral: 10.000 euros
- indemnité de procédure: 500 euros

D'Fra hat méi wéi 25 Joer fir d'Ambassade geschafft.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond ënnerstëtzt déi Concernéiert a wäert si och fir déi Demarchë begleeden, déi nach opstinn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO