
20 Leit an zwou Firme sinn an der sougenannter Bari-Affär ugeklot, wou et ëm den organiséierten Import an de Verkaf vun haarden Drogen am grousse Stil, Blanchiment a Bedruch geet. Enn 2020 war et an deem Kader zu Perquisitioune komm, bei deene méi wéi eng Dose Leit festgeholl goufen an ënnert anerem Luxusautoen souwéi 80.000 Euro saiséiert gi waren.
D’Uklo vum Parquet ass bal 100 Säite laang an de Prozess soll ronn zwee Méint daueren.