Nei Zuele vum Statec20 Prozent vun de Fraen hunn am leschte Joer Gewalt erlieft

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg hunn 2/3 vun de Fraen uginn, schonn emol Affer vu physescher, psychologescher sexueller oder wirtschaftlecher Gewalt gewiescht ze sinn.

Iwwerdeems hunn eng 43.000 Fraen (ronn 20 Prozent) tëscht 16 a 74 Joer uginn, bannent de leschten 12 Méint d’Affer vu Gewalt gewiescht ze sinn. Dat deelt déi national Statistikagence Statec e Méindeg an engem neie Rapport mat.

Statec iwwer Gewalt géint Fraen / Reportage Roy Grotz

https://statistiques.public.lu/fr/publications/series/regards/2022/regards-05-22.html

Gefrot goufen d’Fraen zu Lëtzebuerg ënnert anerem iwwert hir Erfarunge mat haislecher Gewalt, Stalking, sexueller Belästegung a Belästegung an de soziale Medien. Wirtschaftlech Gewalt, an där d’Liewe vun der Fra duerch hir finanziell Ofhängegkeet vun hirem Partner bestëmmt gëtt, gouf och mat erfaasst.

D’Resultater vun der Etüd sinn erniichterend: All zweet Fra huet am Laf vun hirem Liewe scho psychologesch Gewalt, wéi zum Beispill Stalking, erlieft. Vu kierperlecher Gewalt ass bal all drëtt Fra schonn emol betraff gewiescht. Änlech gesäit et och bei sexueller Gewalt géint Fraen aus. Ronn all 10. Fra huet och scho schwéier sexuell Gewalt, wéi zum Beispill eng Vergewaltegung erlieft.

Den Alter spillt am Kontext vun der Gewalt géint Fraen eng grouss Roll. Méi jonk Frae sinn am meeschte vun dëse Faite betraff an och am meeschten exposéiert: sou sot eng vu sechs Fraen tëscht 16 a 24 Joer, datt si op d’mannst emol am leschte Joer kierperlech agresséiert gouf.

D’Onsécherheetsgefill dann: 41 Prozent vun de Fraen, déi ewell Affer vu Gewalt goufen, soen, datt si weider beonrouegt sinn, vun engem Friemen an iergendenger Form agresséiert ze ginn. De Fait, datt eng Fra en Affer ass, stellt deemno eng sozial Fro duer, déi och en direkten Impakt op d’Liewensqualitéit vun dëse Fraen huet an natierlech och all hir Relatiounen.

Sou sot eng vun dräi Fraen, déi bannent de leschten 12 Méint Gewalt erlieft hunn aus, datt si sech onsécher spiert, wa si nuets eleng an hirem Quartier nach ënnerwee ass.

Wie sech déi beschriwwe Forme vu Gewalt - op heiansdo, reegelméisseg oder och nëmmen am Usaz dovunner - ugeschwat fillt, ka sech op der Helpline “haislech Gewalt” mellen. Et gëllt fir Fraen a Männer d’Nummer 2060-1060, dat siwen Deeg op siwen tëscht Mëtteg an owes 20 Auer.

Back to Top
CIM LOGO