
Dat geet aus dem 6. Rapport vun der nationaler Euthanasie-Kontroll-Kommissioun ervir, deen e Méindeg der Chamber iwwerreecht gouf.
Bannent de leschten 2 Joer krut dës Kommissioun iwwerdeems 16 Euthanasie-Deklaratioune vu Leit, déi hirem Liewen wëllen eegebestëmmt en Enn setzen. D'Alters-Moyenne vun dëse Leit läit tëscht 60 an 79 Joer.
Déi heefegst Krankheeten, déi dëse Choix mat sech bréngen, si Kriibs oder neurodegenerativ Krankheeten.
D'Zuel vun Euthanasien, déi a Spideeler geschéien, geet iwwerdeems vun 3 Stéck 2019 op 12 Interventiounen zejoert an d'Luucht.