Bilan CGDIS2019 gouf et an der Moyenne all 9 Minutten en Asaz

Pierre Jans
Serge Pauly
E Méindeg de Moien huet de CGDIS de Rapport d'activité 2019 presentéiert. Dat Joer gouf et 60.979 Asätz fir déi ronn 4.389 Pompjeeën an Ambulancieren.
Bilan 2019 vum CGDIS
E Méindeg de Moien huet de CGDIS de Rapport d'activité 2019 presentéiert. Dat Joer gouf et 60.979 Asätz fir déi ronn 4.389 Pompjeeën an Ambulancieren.

Bal 61.000 Asätz

D'Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst an domat heefe sech och d'Asätz vun den Ekippe vum CGDIS. Zejoert ware si ronn 60.979 Mol am Asaz. E Plus vu gutt 10 Prozent par Rapport zum Joer 2018.

An der Moyenne waren et 167 Asätz den Dag, 7 d'Stonn, deemno eng Interventioun all néng Minutten. Dat wär awer just eng Moyenne, esou sot den Paul Schroeder, Generaldirekter vum Corps Grand-Ducal Indendie et Secours.

De Rekorddag fir 2019 war den 10. Mäerz. Hei gouf et 358 Asätz, wat méi wéi dat duebelt ass, wéi an der Moyenne pro 24 Stonnen. Am rouegsten dogéint war et de 17. August mat just 112 Interventiounen.

Kuckt ee sech dann den Total vum Joer un, esou gouf et 53.568 urgent Interventioune vun den Ambulanzen, woubäi och d'First-Responder an d'Samue gezielt ginn. De Samu huet iwwregens misste 7.979 Mol erausfueren. Da gouf et nach 5.604 net urgent Asätz, zu deenen och d'Visitte vum Generalist, dee Garde huet, zielen.

1.858 Accidenter, bei deenen och eng Persoun blesséiert gouf, am Stroossentrafic mellt dann de CGDIS. 2.180 Mol waren d'Ekippe da wéinst engem Feier am Asaz. Generell stellt ee beim CGDIS fest, dass d'Bränn an der Natur méi heefeg ginn. Dat wëll d'Drécheperioden ëmmer méi laang unhalen, do ass de Paul Schroeder sech sécher.

Zu gudder Lescht zielt de CGDIS nach 2.459 "Interventions techniques". Dës gi vun enger Mënschen- oder Déiererettung bis hin zum dréngenden Opbrieche vu Dieren oder d'Fräimaache vun de Stroossen.

7.000 Memberen, dovunner 4.389 am Asaz

De CGDIS krut Membere bäi. Et sinn der an tëscht iwwer 7.000. Allerdéngs wären der vill bäikomm, well d'Veteranen an d'Jugendsektiounen och an de Lëschte vum CGDIS gefouert ginn. 588 Mënsche schaffe professionell um Terrain, dovun engagéiere sech der bal 400 zousätzlech och nach benevol am Rettungswiesen. Dobäi kommen nach déi bal 3.800 Fräiwëlleg, déi am ganze Land op Asätz ginn. Also am Total 4.389 Professioneller a Fräiwëlleger, déi am Alldag am Asaz sinn.
Vun 2018 op zejoert hunn awer 150 Benevoller opgehalen. De Paul Schroeder rechent domadder, dass deen Trend nach e bëssen unhält, och well déi Responsabel an den ville Corpsen an der Lescht méi intensiv géife préiwen, wéi eng Benevoller op hire Lëschte scho virun der Reform vum Rettungswiesen 2018 net méi wierklech aktiv waren.

De CGDIS ass an der Haaptsaach eng Lëtzebuergesch Geschicht an där d'Männer dominéieren. 80 Prozent vun de 7.000 Membere si männlech. Bal 6.400 Memberen hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Dat soll änneren, seet de Paul Schroeder.

''Et ass kloer, dass mir eis Beméiungen op deem Punkt, och grad an der Jugend, déi nächst Jore mussen usetzen. Virun allem och bei de jonke Leit, déi net onbedéngt vun hei sinn, a grad eréischt heihi gezu sinn. Et geet drëms, hinnen ze weisen, dass de CGDIS en Integratiounsfacteur an eiser Gesellschaft ka sinn. Ech mengen, sech fräiwëlleg ze engagéieren, kann hëllefen, sech an eiser Gesellschaft z'integréieren.''

An tëscht wären d'Réckstänn bei den Indemnisatioune vun de Fräiwëllegen opgeschafft, esou sot den Generaldirekter vum CGDIS. Vill Zentre wären nach net an den neie Portail vum CGDIS integréiert gewiescht, dofir wären déi meescht Payementer nach mat groussem Zäitopwand manuell ofgewéckelt ginn. Fir eng 50 vun 100 Zentre wär de Portail an tëscht operationell, et ass eng intern Software, iwwer déi nieft villem aneren eben och d'Indemnisatioune vun den Fräiwëllegen organiséiert ginn.

Gemengen iwwerdroe Material un de CGDIS

Am Rettungswiese war villes an de Gemenge selwer organiséiert, eben och d'Material, wéi zum Beispill Pompjeesween, an d'Gebaier. Alles dat iwwerdroen d'Gemenge gereegelt op de CGDIS. D'Vize-Presidentin vum Verwaltungsrot Lydie Polfer, déi do d'Gemenge vertrëtt, schwätzt vu gudde Fortschrëtter.

"Mat 93 Gemenge sinn d'Konventiounen ofgeschloss a mat 7 si mir gutt am Gaangen, se ofzeschléissen."

D'Grënnung vum CGDIS ass d'Grondlag. Ma d'Reform vum Rettungswiesen ass nach net komplett. CGDIS, Inneministère an déi 102 Gemenge schaffen elo drun déi national Organisatioun vun de Ressourcen ze plangen.

Bilan 2019 vum CGDIS / Reportage Pierre Jans

PDF: De Rapport Annuel vum CGDIS

Back to Top
CIM LOGO