
2020 dierft kee gudde Cru gi fir den Assurance-Secteur hei am Land.
D’Joer hat schonn duerchwuess ugefaangen an deen Trend ass virugaangen.
Am zweeten Trimester gouf et ee Minus vu bal 20% bei de Recetten.
De Schong dréckt virun allem am Beräich vun de Liewensversécherunge wéinst Covid-bedéngten Onsécherheeten um Niveau vun den ekonomesche Perspektiven an der Evolutioun vun de Finanzmäert.