
2020 goufen duerch verschidden Initiativen an Associatiounen, déi de Familljeministère finanziell ënnerstëtzt, méi wéi 4.000 Persoune logéiert. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervir, déi den Deputéierte vun de Piraten, de Marc Georgen, gestallt huet.
Dany Rasqué resuméiert d’Äntwert vun den zoustännege Ministeren. Dat sinn an dësem Fall d’Familljeministesch Corinne Cahen, d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Claude Meisch als Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.
An der Stad ginn et an Tëschenzäit dräi “haltes de Nuit” fir Leit, déi keen Doheem hunn.
Eng vun deenen dräi Strukturen ass dëst Joer am Mee nei opgaangen an déi adresséiert sech exklusiv u Fraen.
D’Wanteraktioun huet de leschte Wanter enge 1.500 Mënschen et erméiglecht, en Ënnerdaach ze fannen. Tëschent dem 16. November 2020 an dem 30. Juni dëst Joer goufen iwwer 30.000 Iwwernuechtunge gezielt.
Et sinn awer och nei Projeten an der Maach. Zum Beispill gëtt aktuell un enger Struktur fir eeler Sans-abrise geschafft. Dat ass e Projet, deen op Berbuerg kënnt an zesumme mam CIPA Haaptmann’s Schlass realiséiert gëtt.
D’Familljeministesch Corinne Cahen präziséiert och, datt d’Housing-First-Strukturen ausgebaut ginn. Do geet et drëm, fir Leit vun der Strooss ouni Ëmweeër an enger fester Wunneng ënnerzebréngen, fir datt hir Situatioun dono ka stabiliséiert ginn. Dat anert Joer soll och un esou engem Housing-First-Projet just fir Frae geschafft ginn.
Donieft ass geplangt, e Recensement vun de Mënschen ze maachen, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn, d’Obdachlosegkeet soll op déi Manéier méi zilgeriicht bekämpft ginn.
Progressiv ausgebaut ginn och d’Offere fir Mënschen, mat Ofhängegkeetsprobleemer, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn.
Duerch de Bon d’hébergement d’urgence, dee viru 5 Joer agefouert gouf a fir Leit bis 27 Joer gëllt, kruten 2020 eng 70 Jonker e Bett zur Verfügung gestallt, bis Enn November dëst Joer louch déi Zuel scho bei 86 Jonker an engen 1.300 Iwwernuechtungen.
Aktuell gëtt un engem alternative Konzept fir d’Bon d’hébergement d’urgence geschafft. E Konzept, wou net nëmmen eng Schlofplaz, mä och nach en zousätzleche pedagogeschen Encadrement virgesinn ass an dat anert Joer lancéiert gëtt.