Interview Kardinol Hollerich"2020 huet eis op d'Prouf gestallt, wéi wäit et mat eiser Mënschlechkeet ass"

Lynn Cruchten
Esou beschreift de Kardinol Jean-Claude Hollerich d’Joer 2020.
Interview Kardinol Hollerich
Och d’kathoulesch Kierch huet sech wéinst der Corona-Pandemie bei der Organisatioun vun Zeremonien a chrëschtleche Fester missen adaptéieren.

Och d’kathoulesch Kierch huet sech wéinst der Corona-Pandemie bei der Organisatioun vun Zeremonien a chrëschtleche Fester missen adaptéieren.

D‘Kris hätt awer och dozou gefouert, dass d’Leit gezwonge waren, sech rëm op dat Wesentlecht ze konzentréieren an trotz Aschränkungen ze léiere glécklech ze sinn.

Eidel Kierchen iwwer Ouschteren, eng Oktav an der Kathedral, déi just iwwer Video konnt suivéiert ginn: Och fir d’kathoulesch Kierch war 2020 en aussergewéinlecht Joer.

De Coronavirus hätt awer och vill Mënscheliewe kascht, a fir all deenen ze gedenken, wéilt ee soubal wéi méiglech e Gottesdéngscht halen.

Aktuell dierfen d’Gottesdéngschter just mat enger limitéierter Unzuel vu Leit ofgehale ginn. D’Chrëschtmetten mat maximal 100 Leit an der Kathedral goufe wéinst der Ausgangsspär dëst Joer op 8 Auer virverluecht.

Fir d’Zukunft wier et den Opruff, e bësse méi mënschlech a solidaresch ze sinn, dat gutt an eisem Häerz zouzeloossen a Jalousien ze begruewen. All Pandemie géif eng Acceleratioun vu gesellschaftlecher Prozesser mat se bréngen. An d’Corona-Kris hätt och en Impakt op d’Verhale vun de Leit vis-à-vis vun der Kierch gehat.

Den Undeel u gleewege Chrëschte géif méi kleng ginn, ma dat wier néideg,fir eng Erneierung kënne ze kréien, esou de Kardinol Hollerich. Well eng Kierch, déi sech net ännere kéint, hätt de Mënschen näischt méi ze soen.

Eng lieweg Krëppchen

Kanner aus der Gemeng Miersch si vun zwee Trakteren gezunn duerch d’Uertschafte vun der Gemeng gezunn, fir d’Krëppchen bei d’Leit ze bréngen an Zäiten, an deenen d’Leit net sou gutt an d’Masse kommen.

Dat Ganzt war ënnermoolt mat Texter a Musek, eng Initiative vun der Mierscher Por.

Eng lieweg Krëppchen
Dat Ganzt war ënnermoolt mat Texter a Musek, eng Initiative vun der Mierscher Por.

Back to Top
CIM LOGO