
An de meeschte Fäll gouf sech ëm direkt Hëllef fir Persoune bekëmmert mat iwwer 53.000 Fäll. Chapeau do un déi sougenannte “first responders”, déi engem Betraffenen hëllefen, éier d’Leit vum 112 op der Plaz sinn. Dat weist, wéi wichteg eng Kette vun de Secours-Servicer ass, ugefaange mam Melle vun enger Situatioun, iwwert éischt Hëllef, bis den Asaz vun de Leit vum CGDIS.
Zäit ass ee wichtege Facteur, esou d’Stater Buergermeeschtesch a Presidentin vum CGDIS Lydie Polfer, fir dass ee bannent 15 Minutten op der Plaz ass. Wichteg sinn hei wéi gesot déi sougenannt “first responders”, déi engem Affer hëllefen, éier der CGDIS op der Plaz ass, esou den Direkter Paul Schroeder.
Ëmmerhi 17.000 Leit hunn zejoert heiheem bei Éischt-Hëllefscoursë matgemaach. Et wëll een awer iwwert déi nächst Jore weider Dosende Professioneller rekrutéieren.
Vum Joer 2021 bleift virun allem Mëtt Juli an der Erënnerung mat deemools massiven Iwwerschwemmungen. Quasi all d’Leit vum CGDIS waren am Asaz. Och soss ginn et ëmmer Asätz wéinst dem klimatesche Changement vu Bränn, bis bei Tornadoen.
Beim CGDIS sinn iwwer 6.800 Fraen a Männer aktiv an déi hu sécher eise Merci verdéngt.