
D’ITM ass wäit méi, wéi just eng Verwaltung déi kontrolléiert a bestrooft. Dat huet den Direkter vun der Inspection du travail et des mines an den Aarbechtsminister Georges Engel en Donneschdeg de Mëtteg op der Bilanskonferenz vun 2022 betount.
D’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz zum Beispill wieren och Zentral an der Aarbecht vun der ITM. Zejoert sinn iwwerdeems 10.000 Kontrolle gemaach ginn, a ronn 2.400 Fäll gouf et eng Geldstrof vun insgesamt enger Zomm vun 10,5 Milliounen Euro.
Den Direkter vun der ITM Marco Boly huet iwwerdeems betount, datt hien hofft, datt den Aarbechtsminister nach virun de Walen de Gesetzesprojet deposéiert, wat d’Aarbechtsmedezin betrëfft. E Freideg géif een an deem Kontext och d’Sozialpartner gesinn, fir ze kucken, a wéi eng Richtung ee goe kéint.