
Mat iwwer 2000 Wunnengen, déi fir déi abordabel Locatioun reservéiert sinn, huet de Fonds du Logement dee gréissten abordabele Park locatif hei am Land. Méi wéi 5.000 Leit géingen an den abordabele Logementer wunnen. Dat geet aus dem Joresrapport vum ëffentleche Bauträger fir 2022 ervir, deen e Freideg publizéiert gouf. Ënnert dem Stréch war de Fonds du Logement zejoert méi aktiv. Sou wieren d’lescht Joer 102 Wunnenge fir d’Vente oder d’Locatioun fäerdeggestallt ginn. Obwuel dat der méi si wéi an de leschte Joren, gouf och scho mol méi gebaut.
Viru fënnef Joer, also 2018, goufen nämlech 133 Wunnenge fäerdeg gestallt. De Bilan vun de leschte fënnef Joer weist, dass allgemeng méi op d’Locatioun gesat gëtt, och wann d’Zuel vu Wunnenge just lues klëmmt. D’Hausse bei de Locatiounswunnengen ass vu 5 Prozent, vun 1.907 op elo 2.157. Wat d’Wunnenge fir d’Vente ugeet, ass d’Hausse vu just 1 Prozent.
Eng 459 Wunnenge sinn den Ament awer amgaang gebaut ze ginn. Dat ass duebel esou vill, ewéi nach viru fënnef Joer. Och d’Personal, dat fir de Fonds du Logement schafft, huet sech iwwert déi Period verduebelt, dat fir den Entretien vun de Wunnengen ze garantéieren. Deen Opwand wier nämlech bei de Locatiounswunnenge méi grouss, wéi bei de Logementer, déi verkaf ginn.
Den ëffentleche Bauträger schreift am Rapport, dass d’Demande no bezuelbarem Wunnraum ganz kloer klëmmt. 1.476 nei Demandë goufen 2022 registréiert, dës kommen natierlech bei déi vun de Jore virdrun dobäi.
Wat d’Reventen ugeet, esou gëtt et net vill Mouvement. Nëmme 36 Reventë vun Haiser oder Wunnenge goufe vum Fonds du Logement aktéiert. Den ëffentleche Bauträger huet jo d’Virkafsrecht, wa Leit hire Logement wëlle verkafen.