
Ee vun de Grënn fir dës Hausse war d’Epidemie vun der Bronchiolite, déi duerch den RS-Virus ausgeléist gouf a virop bei ganz klenge Kanner geféierlech ka sinn. Domat läit d’Zuel vun de Passagen an der Urgence bei de Kanner och e gutt Stéck méi héich wéi bei den Erwuessenen.
Bal d’Hallschent vun den chirurgeschen Interventioune goufen ambulant gemaach, also ouni dass d’Patienten am Spidol iwwernuecht hunn. Leit, déi hospitaliséiert goufen, sinn an der Moyenne eppes méi wéi 7 Deeg do bliwwen.
D’Betribskäschte vum Centre hospitalier louchen 2022 bei ronn 517 Milliounen Euro. Ausserdeem hunn zejoert gutt 2.700 Leit am CHL geschafft.