Verkéierskontroll zu Heeschdref23 Chauffere waren ze séier ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
De 5. Mäerz hat d'Police um 14.30 Auer op der N10 kontrolléiert an dobäi besonnesch d'Chaufferen am Viséier, déi ze séier gefuer sinn.
© RTL Archiv

Am Ganze goufen 30 Verstéiss festgestallt, woubäi sech 23 Automobilisten net un déi erlaabte Vitesse vu 50 km/h gehalen haten.

18 Chauffere kruten e Protokoll vun 49 Euro, si ware manner wéi 15 km/h ze séier ënnerwee. 4 Automobiliste ware mat Vitesse vun 69 km/h oder méi gepëtzt ginn. Si hu mussen 145 Euro bezuelen an hunn 2 Punkte verluer. An engem Fall gouf e Chauffer protokolléiert, well hie mat enger Vitess vu 85 km/h gefuer ass.

Donieft haten 2 Chauffere keng gëlteg Autosversécherung. Hei ware 24 Euro fälleg. Zwou weider Persounen hu wärend dem Fueren hiren Handy benotzt (145 Euro an 2 Punkten). Ee Chauffer hat säi Sécherheetsgurt net un (145 Euro an 2 Punkten), een aneren huet d'Spuer oder d'Richtung ouni Winker gewiesselt (74 Euro), a bei engem Chauffer huet de Certificat vun der technescher Kontroll vu sengem Gefier gefeelt (145 Euro an 2 Punkten).

Back to Top
CIM LOGO