Bis de 24. November23 nei Petitioune kënnen ënnerschriwwe ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Fuerderunge vun de Petitionäre betreffen ënner anerem de Stroosseverkéier, den ëffentlechen Transport, d'Gesondheets-, grad ewéi och d'Steierpolitik.

Vun e Méindeg un, an nach bis de 24. November kënnen ënner anerem folgend Petitiounen online ënnerschriwwe ginn:

Ee Petitionär fuerdert zum Beispill, dass Persounen déi de Führerschäin AM hunn, keng Theoriescoursë méi maache mussen, wa si de Permis vun der Kategorie A oder A2 maache wëllen.

An enger anerer Petitioun gëtt da verlaangt, dass d’Lëtzebuerger Tuning-Zeen eng eege Streck kritt, fir sech auszetoben.

Gesondheetspolitesch gëtt et dann eng Petitioun fir e Lëtzebuerger Austrëtt aus der WHO an eng aner, an där gefuerdert gëtt, dass d’Käschte fir d’Impfung géint den FSME-Virus vun der Gesondheetskees rembourséiert ginn.

En anere Petitionär verlaangt dann, dass den Nettoloun, nodeems d’Steieren an d’Bäiträg fir d’Pensioun, d’Fleegeversécherung an d’Krankekeess ofgaange sinn, net manner ewéi 52 Prozent vum Bruttoloun dierf ausmaachen.

Den Iwwerbléck vun all den neie Petitioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO