Coronavirus zu Lëtzebuerg23 Positiver bei 8.056 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 645 aktiv Infektiounen. 68.943 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 423.029 Dosisse genotzt. 2.653 Leit kruten hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 5.993 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO