
Vun den 161 wieren der 27 op enger Waardelëscht, 12 vun hinne wieren awer wéinst hiren Disziplinarmoossnamen net eligibel. 12 Persoune géingen an der Kiche schaffen, an och am Nettoyage a fir aner Aarbechte wieren 12 Poste geschaaft ginn.
Wat méi Leit am Prisong sinn, wat méi Plaze géinge kreéiert ginn an d’Leit géingen och fir hir Aarbecht bezuelt ginn.
Dat äntwert déi gréng Justizministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Pim Knaff. Deen hat sech gewonnert iwwert Aussoe vum Direkter vum Uerschterhaff an der Press, datt Untersuchungshäftlingen net schaffe kéinten.