Kontrolle viru Schoulen230 Protokoller wéinst ze héijer Vitess, 330 Chauffere mam Handy erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Bannent zwou Wochen huet d'Police bei Kontrolle viru verschiddene Schoulen am Land 230 Protokoller wéinst ze héijer Vitess ausgeschriwwen an 330 Mol goufe Chauffere mam Handy erwëscht.
Vill Chauffere waren Enn September an der Géigend vu Schoule mam Handy hannert dem Steier ënnerwee.
© RTL-Grafik

Déi lescht zwou September-Wochen huet d‘Police e sëllege Kontrolle viru Schoule gemaach an hat dobäi genuch ze dinn. Nieft méi wéi 400 Protokoller wéinst falschem Parken a gutt 230 Protokoller wéinst ze héijer Vitess goufe knapp 330 Chaufferen dobäi erwëscht, wéi si wärend dem Fueren den Handy benotzt hunn.

D'Beamten hunn dann och knapp 90 Leit missen drun erënneren, datt een net ouni Gurt fiert an en adaptéierte Sëtz fir Kanner muss hunn. Deemno ass et de Rappell vun der Police, datt een d‘Kanner um Schoulwee wéinst der Däischtert erëm manner gutt gesäit a virop déi Kleng sech de Gefore vum Stroosseverkéier net ëmmer bewosst sinn. Et gëllt also grad viru Schoule gutt opzepassen an d‘Vitess unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO