
Bis elo goufen dëst Joer 1.499 esou Demanden eragereecht. D’lescht Joer ëm dës Zäit waren et der bis dohinner 1.320. Et ass déi gréissten Zuel zanter 5 Joer fir en August.
D’Majoritéit vun den Demandeure si mat 36,4 Prozent bis elo dëst Joer Syrer an Eritreeër mat 14,6 Prozent. Dono kommen Afghanen, Venezuelaner, Algerier an Tierken a Marokkaner.
Am Ganzen 380 Persoune kruten dëst Joer hei am Land bis elo de Statut als Refugié.
De Krich an der Ukrain féiert weiderhin dozou, dass Ukrainer eng Demande op eng temporär Protektioun hei am Land stellen. Am August waren dat nach 107 Persounen. Dëst Joer goufe bis elo vun Ukrainer 689 esou Demande gestallt.