Drëtte Sozialplang243 weider Plaze solle bei "RBC Investor & Treasury Services" gestrach ginn

RTL Lëtzebuerg
Beim Finanzinstitut "RBC Investor & Treasury Services" soll en drëtte Sozialplang kommen.
© RTL Archivbild

Dat mellen d'Gewerkschaften LCGB, OGBL an Aleba. 243 weider Aarbechtsplaze solle gestrach ginn.

Dat wier en onméiglecht Verhalen a virun de Won gelaf. Besonnesch, well de leschten, also den zweete Sozialplang, deen eréischt 2019 ënnerschriwwe gouf, nach net ofgelaf ass. Deen huet ronn 200 Salariéen concernéiert.

De Gewerkschaften no hätt dësen Ofbau vun Aarbechtsplazen näischt mat der Pandemie ze dinn. Et géing just ëm méi Profit a Käschtereduktioun goen.

2021 gouf "RBC Investor & Treasury Services", bei där den Ament 1.100 Leit schaffen, vun der Royal Bank of Canada iwwerholl. 2013 gouf et dunn en éischten, 2019 en zweeten an elo eben en drëtte Sozialplang.

RTL-NEWS: Hiobsnouvelle fir d'Leit bei der Bank RBC op Belval
LCGB/OGBL/ALEBA: Sozialplang fir kanadesch Bank RBC ënnerschriwwen

PDF: Schreiwes LCGB, OGBL, Aleba.

Back to Top
CIM LOGO