
D'lescht Woch huet d'Police eng 360 Kontrollen am Coronakontext gemaach. Ronn 250 Persoune kruten e Protokoll.
60% dovunner haten d' Ausgangsspär tëscht 11 owes a 6 moies net respektéiert.
D’lescht Woch goufen et also just ronn hallef esou vill Kontrollen ewéi nach d’Woch virdrun. Dogéint goufen et trotz bal duebel esou ville Kontrollen net vill méi Protokoller, an zwar 300.