Et geet hei ëm ee Guide iwwer zäitgenëssesch Architektur zu Lëtzebuerg, deen den OAI, den Ordre des architectes et des Ingénieurs conseil 2010 eng éischte Kéier erausbruecht huet.
Dee Guide gëtt reegelméisseg aktualiséiert an dofir war elo fir déi véierte Kéier en Appell un all d’Architektebüroen erausgaangen, fir Projeten eranzeschécken.
Den Enthusiasmus ass grouss, et goufen 354 Projete virgeschloen an dovunner huet e Comité der 252 erausgesicht, déi geografesch op 14 Tier regroupéiert sinn, déi ee ka maachen.
Do sinn natierlech bekannte Gebaier dran, mä och Eefamilljenhaiser, well och déi gehéieren zu eiser Baukultur, wéi de Pierre Hurt, den Direkter vum OAI erkläert.
“Jiddereen, dee baut, baut fir eis alleguer. Wann dir als Privatmann oder Privatfra baut, baut der net nëmme fir iech an är Famill, dir baut och fir déi Leit ronderëm. Et ass déi gemeinsam Responsabilitéit. All Bierger hei am Land ass en Acteur an der Baukultur. Dat gëtt dacks vergiess an dofir si mer frou, datt de Comité de selection och déi privat Bauhären an de Mëttelpunkt stellt.”
Et ginn natierlech och Gebaier, déi esou bekannt a wichteg fir d’Land sinn, datt se guer net aus dem Guide ewech ze denke sinn. D’Philharmonie zum Beispill oder d’Nationalbibliothéik. De Jean-Claude Welter vum OAI:
“Well mer ee Guide hu fir Lëtzebuerg, kommen déi markant Projeten, d’Projets phares, ëmmer erëm. Dofir gëtt d’Buch och ëmmer méi déck. Déi Projets phares mussen dra kommen, och fir Touristen, déi op Lëtzebuerg kommen an déi Plazen net kennen.”
De Guide kritt een zum Beispill beim OAI, mä och an deene verschiddenen Touristebüroen, a Muséeën an et fënnt een alles online op architectour.lu. Do fënnt een iwweregens och déi Projeten, déi et net an d’Buch gepackt hunn.