
E 27 Joer ale Mann war ze Fouss op der A1 ënnerwee an ass vun engem Auto ugestouss ginn. Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure verscheet. De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police domadder beoptraagt, d’Ursaach vum Accident erauszefannen. Och eng Autopsie gouf ordonéiert.
Geschitt war den Accident géint 18 Auer.
Beim Parquet heescht et op RTL-Nofro hin, dass een zu de geneeën Ëmstänn vun dësem déidlechen Accident den Ament nach näischt soe kéint. Dës wieren ëmmer nach onkloer.