
Dat freet de Marc Goergen, Deputéierte vun de Piraten an enger parlamentarescher Fro.
Hien ass der Meenung, datt schlecht Online-Bewäertunge vun ëffentlechen Entitéite solle consideréiert an och evaluéiert ginn. An deem Kontext präziséiert hien, datt de Centre Commun de la securité sociale op Google an 28 Rezensiounen op en Duerchschnëtt vun 2,5 vu 5 Stäre kënnt a stellt fest, datt de Centre Commun op keng vun de Kritiken reagéiert huet.
Dofir wëll hie virop vun deenen zoustännege Ministere wëssen, ob d'Verwaltunge vum Staat an déi ëffentlech Etablissementer d'Bewäertungen, déi am Internet iwwert si geschriwwe ginn, iwwerhaapt verfollegen.
D'Ministere fir d'Fonction publique a fir déi sozial Sécherheet, de Marc Hansen an de Romain Schneider, präziséieren an hirer Äntwert, datt de Centre commun de la securité sociale, all Joer méi wéi eng Millioun Affiliatioune geréiert. 28 Google-Bewäertungen an engem Zäitraum vu 5 Joer wieren do alles anescht wéi representativ.
Allerdéngs goufen déi Bewäertungen analyséiert an d'Ministere kommen zur Conclusioun, datt 8 Bewäertunge positiv sinn, mat 4 bis 5 Stären, 8 Bewäertungen wéineg bis näischt aussoen, 6 eng ze vill laang Attente um Telefon oder am Guichet betreffen an 3 de Centre commun net betreffen.
Da ginn et zwou Reklamatiounen, well d'Cotisatiounen, déi vum Gesetz virgeschriwwe sinn, ze héich sinn an et gëtt dann och an enger Bewäertung d'Qualitéit vun der Aarbecht vum Centre commun kritiséiert.
Wann een dem Centre commun e Feedback wëll ginn, géifen et eng Partie aner Kanäl. Et kéint ee sech zum Beispill bei der CCSS iwwert d'Rubrik "Kontakt" op hirem Internetsite mellen, soss iwwer Mail, per Telefon oder per Post.
Zënter 2002 hätt de Ministère fir d'Fonction publique dräi Sondage gemaach, fir d'Zefriddenheet vun de Bierger vis-à-vis vum ëffentlechen Déngscht ze moossen.
Op Basis vun deene Sondagen kéint ee feststellen, datt déi beschte Wäerter 2015 gemooss goufen. Et géifen awer nach Méiglechkeete sech ze verbesseren an dofir ginn och an Zukunft esou Sondage gemaach, virun allem fir e Suivi vun deene Wäerter ze maachen a fir ze reagéieren, wa Kritikpunkten opdauchen.