Am September297 Persounen hunn eng international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht vun hinne stamen aus Syrien, Eritrea an Afghanistan, dat deelt den Immigratiounsministère en Dënschdeg mat.

65 Persoune kruten de leschte Mount de Flüchtlingsstatut unerkannt, vun 148 Decisiounen am Ganzen. 14 Leit goufen iwwert den Dublin-System an en anert europäescht Land zréckgeschéckt, zwou Persoune koumen iwwert dee selwechten an de Grand-Duché. Siwen Demandeure vun enger internationaler Protektioun goufen an e Land baussent der EU zréckgeschéckt am August, fënnef fräiwëlleg an zwee forcéiert.

208 Flüchtlingen hunn eng temporär Protektioun ugefrot am September, dovu goufen 167 Demanden ugeholl. Am Ganzen hunn awer och 50 Persounen hir Demande nees zeréckgezunn.

177 Leit aus der Ukrain kruten d’temporär Protektioun accordéiert am September. Am Ganzen hu ronn 4.625 Ukrainer zanter Ufank vun der russescher Invasioun Enn Februar esou eng Demande gemaach. En Deel vun hinnen ass antëscht schonn zeréck an hir Heemescht.

PDF: Statistiques protection internationale

Back to Top
CIM LOGO