Op eise Stroossen3 Accidenter mat 4 Blesséierten an 2 Autoen a Flamen

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt eng Partie Asätz vun e Mëttwoch de Moien, dobäi ënnert anerem 3 Accidenter an 2 Autoen a Brand.
© Domingos Oliveira / RTL

Géint 7.40 Auer koum et zu Wëntger an der Rue Principale zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.

Um 7.45 dat nämmlecht zu Stroossen an der Rue de l'Industrie, och hei sinn zwee Ween anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz virun 9 Auer e weider Accident mat zwee Gefierer, déi Kéier zu Heeschdref an der Rue de Luxembourg. Hie sinn zwou Persoune liicht blesséiert ginn.

Zu Diddeleng an op der A1 tëscht Fluessweiler a Mënsbech huet dann nach jeeweils een Auto gebrannt, wat dunn och zu gréissere Perturbatiounen am Trafic gesuergt huet.

© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
Auto a Brand op der A1 (22.7.2020)
Beim Feier gouf kee blesséiert, ma et gouf awer en zolitte Stau op der Autobunn.

Accidenter en Dënschdeg

En Dënschdeg den Owend géint 18.30 Auer gouf zu Diddeleng an der Route de Luxembourg en Accident gemellt, wou en Auto ee Vëlosfuerer ze pake krut.

De Vëlosfuerer hat virun engem Rond-point staark ofgebremst an den Automobilist koum net méi mat Zäiten un d'Stoen. De Cyclist ass op den Auto gefall, iwwerdeems de Won ganzer iwwer de Vëlo gefuer ass. De Vëlosfuerer ass nach op der Plaz vun Rettungsekippe behandelt ginn. Een Alkoholtest beim Chauffer war iwwerdeems positiv, allerdéngs net héich genuch, fir dass de Permis fort ass.

En Dënschdeg den Owend waren 2 Gefierer op der Route de Cruchten op der Colmer Bréck net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf beim Accident blesséiert.

Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Colmer-Bierg a Schieren, grad ewéi d'Ambulanz vun Ettelbréck.

Kuerz virun 19 Auer waren um Kierchbierg um Boulevard Konrad Adenauer e Bus an en Auto anenee gerannt. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO