
Géint 18 Auer sinn an der Réimecher Strooss zu Sandweiler zwee Autoen aneneegerannt. Zwou Persounen goufen heibäi blesséiert.
Kuerz virun 20 Auer hat op der Autobunn A1 tëscht dem Irgäertchen an dem Tunnel Houwald e Camion gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued.
Um 21.20 Auer stoung eng Aarbechtsmaschinn am Centre de recyclage um Fridhaff a Flamen.
Méi spéit am Owend, géint 23 Auer ass dann zu Diddeleng an der Rue du Parc en Auto op d'Kopp gaangen. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.
A kuerz virun 23.30 Auer sinn op der A13 tëscht Suessem a Käerjeng zwee Gefierer net laanschtenee komm, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.