
Géint 17 Auer goufen d’Air Rescue, de Service HELI an d’Rettungsekippen aus der Fiels a vu Beefort op den CR364 tëscht Beefort a Bäerdref geruff, nodeems hei e Motocyclist mat sengem Gefier gefall war an dobäi blesséiert gouf.
Op der N34 a Richtung Rond-point Bourmicht koum et géint 17.46 Auer zu enger weiderer Chute vun engem Motorradsfuerer. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsdéngschter vu Mamer waren am Asaz.
Dee selwechte Moment koum et um Rouscht bei Biissen an der Route de Luxembourg zu enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto. Eng Persoun gouf hei blesséiert a vun den Ambulancieren aus der Nordstad an de Pompjeeë vu Biissen versuergt.
Donieft mellt de CGDIS en Auto, deen zu Habscht an e geparkte Won gerannt ass. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Mamer an Habscht waren am Asaz.