Am Laf vum Sonndegowend3 Accidenter op eise Stroossen - zwou Persoune goufe blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.20 Auer e Sonndegowend hate sech tëscht der Gréiwelsser Barrière a Bartreng zwee Autoen ze pake kritt.

Zwou Persoune goufen hei blesséiert. Zwou Ambulanzen an d’Pompjeeë vu Mamer waren op der Plaz.

Iwwerdeems koume et e Sonndeg den Owend zu zwee weideren Accidenter, bei deenen et allerdéngs beim Materialschued bliwwen ass:

Géint 20.35 Auer wa op der Rocade de Bonnevoie en Auto an d’Mauer gerannt an um 20.50 Auer war tëscht Biissen a Pëtten en Auto an de Gruef gefuer.

Back to Top
CIM LOGO