
Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng.
Tëscht der Rossmillen an Hengescht sinn um 11 Auer zwee Autoe kollidéiert. Hei gouf et 2 Blesséierter. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Housen an Ëlwen an de Centre d'incendie et de secours vu Wäisswampech.
Geknuppt huet et an der Mëttesstonn och zu Uewerkuer, an der Avenue Charlotte. Bei der Kollisioun gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren hei d'Ambulanz an d'Pompjeeë Sadiff.