
Zwee Blesséierter gouf et an engem Accident e Samschdeg Owend géint 21 Auer zu Déifferdeng an der Rue de Soleuvre. Dat mellt den 112. Zwee Autoen waren aneneegerannt.
Kuerz no 3.30 Auer war zu Rodange an der Avenue de l'Europe, op der belscher Grenz, en Auto verongléckt. D'Gefier ass dono a Brand geroden. Eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren nieft der Ambulanz vu Péiteng, dem Samu vun Esch an dem Asazzenter vu Péiteng déi belsch Secouristen. Soss Detailer ginn et keng.