CGDIS3 Blesséierter bei 2 Accidenter um Méindeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Duelem an Héiweng koum et géint 7.20 Auer zu engem Accident, bei deem eng Persoun verwonnt gouf. Och de Samu huet hei mussen an den Asaz.
© CGDIS

Géint 7.40 Auer hat et op der A3 Richtung Stad gerabbelt, dëst tëscht Diddeleng an dem Beetebuerger Kräiz. Zwee Autoe waren heira verwéckelt an et gouf och 2 Blesséierter.

Géint 10.15 Auer gouf et nach eng Kollisioun tëscht 2 Autoen um Sennengerbierg an der Route de Trèves. Dem CGDIS no blouf et hei awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO