CGDIS3 Blesséierter bei 2 Accidenter um Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Géint 20 Auer ass tëscht Furen a Bettel en Auto en e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

D'Ambulanz vun Dikrech an d'Pompjeeë vun Tandel waren op der Plaz.

Quasi ëm déi selwecht Zäit goufe et tëscht dem Katrewang a Keespelt eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Bei dësem Accident goufen 2 Persoune blesséiert. Am Asaz waren zwou Ambulanze vu Mamer, grad ewéi d'Pompjeeë vu Kielen.

Back to Top
CIM LOGO