CGDIS3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Dënschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Géint 6.30 Auer sinn zu Bäreldeng en Auto an e Bus net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf bei deem Accident an der route de Luxembourg blesséiert.
© RTL-Archiv

D'Pompjeeë vu Walfer an déi aus der Stad waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz aus der Stad.

Kuerz no 7.30 Auer sinn op der A3 Richtung Stad direkt e puer Autoen anenee gerannt. Bei där Kollisioun gouf och 1 Persoun verwonnt. D'Ambulanz vun Diddeleng an de Samu sud goufen op d'Plaz geruff, grad wéi d'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng.

Géint 10.15 Auer gouf et zu Mamer an der route d'Arlon en Accident tëscht 2 Autoen. Wéi bei den aneren 2 Accidenter gouf och hei eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Mamer sinn op den Accident geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO