CGDIS3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Donneschdeg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Bei Kollisiounen tëscht Auto a Camion, Auto a Moto, respektiv tëscht 2 Autoen, gouf all Kéiers eng Persoun verwonnt.
© CGDIS

Géint 14.30 Auer sinn op der A13 Richtung Schengen en Auto an e Camion net laanschtenee komm. Geschitt ass den Accident tëscht Éilereng a Lankelz.

Géint 16.20 Auer sinn en Auto an e Moto tëscht Bëschdref an Useldeng aneneegerannt.

Kuerz no 16.30 Auer da koum et nach zu engem Accident tëscht zwee Autoen, tëscht Léiweng a Beetebuerg.

Bei all dësen Accidenter ass jeeweils eng Persoun verwonnt ginn. Wéi uerg, geet aus dem CGDIS-Bulletin net ervir.

Back to Top
CIM LOGO