
Géint 6 Auer um Samschdeg de Moien huet et zu Hamm an der Réimecher Strooss gerabbelt. Zwee Autoe waren am Coup, eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz virun 10 gouf et zu Dikrech een Accident mat direkt e puer Autoen, dobäi gouf och eng Persoun blesséiert.
Um Kuerz no 11 Auer e Samschdeg de Moien huet et zu Hollerech um Boulevard Charles Marx gerabbelt. Hei gouf awer kee blesséiert.
An um 15.15 Auer ass nach ee Motocycliste zu Esch um Gaalgebierg gefall an huet sech dobäi blesséiert. Op der Plaz war d’Ambulanz vun Esch.