CGDIS3 Blesséierter bei Accidenter an e Feier an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg an e Sonndeg de Moie war de CGDIS bei Accidenter op eise Stroossen a bei engem Feier an der Stad am Asaz.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Um15.56 Auer e Samschdeg hate sech an der Rue de Kopstal am Rollenger Gronn 2 Autoen ze pake kritt. De Rettungsdéngscht aus der Stad huet sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Kuerz viru 4 Auer e Sonndeg de Moien war dunn en Auto um CR314 tëscht dem Karelshaff an Uewerfeelen an eng Mauer gerannt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D’Rettungsdéngschter vu Réiden a Feele waren op der Plaz.

Um 6.34 Auer hat dunn e Gebai an der Escher Strooss zu Hollerech gebrannt. D’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad waren hei am Asaz. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO