
Geknuppt hat et och ëm 8.20 Auer op der N12 um Briddel a Richtung Rollengergronn. 2 Autoe sinn hei net laanschtenee komm. De Bilan ass 1 Blesséierten.
En Accident mat 2 Gefierer am Coup gouf et och kuerz no hallwer néng zu Fréiseng an der Robert-Schuman-Strooss. Et gouf kee verwonnt.
Zu Elleng an der Route de Remich gouf en Donneschdeg de Moien ëm 7.45 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert.
Och zu Bartreng krut e Gefier e Foussgänger ze paken. An der Route de Longwy huet e Bus eng Persoun kuerz no 9 Auer ugestouss. De CGDIS mellt hei 1 Blesséierten.
Agräife missten d'Pompjeeën och zu Miersch an der Rue Emmanuel Servais: géint 8.50 Auer hat en Adventskranz gebrannt.