Kuerz virun 12.30 waren op der A4 a Richtung Stad zwee Autoen net laanschtenee komm. 3 Persoune goufe beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vun Esch-Uelzecht, Keel a Stengefort, grad ewéi d’Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng.