
Wéi de CGDIS mellt, goufen 3 Persoune verwonnt.
Fir laang Zäit gouf et op dëser Plaz Repercussiounen op den Trafic, well et schwiereg war, laanscht ze kommen. Sou war et op alle Fall am Trafic-Info vum ACL ze liesen. Eréischt um 10.30 Auer koum d’Entwarnung, dass den Accident geraumt wier.
Am Asaz waren Ambulanzen aus der Nordstad a vu Wolz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Buerschent an aus der Nordstad.