
D'Leit, déi am Haus wunnen, hunn déi presuméiert Täter am Gaart gesinn an d'Police geruff. Dës konnten awer net méi fonnt ginn.
Et handelt sech ëm 2 Männer vu schwaarzer Hautfaarf, ronn 30 Joer al. Deen een hat eng Jeans an e roude Polo un, deen aneren eng schwaarz Jeans an e schwaarze Polo, eng drëtt Persoun soll iwwerdeems opgepasst hunn, heescht et am Police-bulletin. Si si wahrscheinlech mat engem donkelbloe VW Golf iwwer d'A13 geflücht.