Coronavirus zu Lëtzebuerg3 Doudeger bäikomm op elo 180, vun 12.338 Tester waren der 659 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 3 op elo 180 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 208 (-7) Patienten hospitaliséiert, dovunner 37 (+1) op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et9.532 aktiv Infektiounen, 12.094 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO