All 4 Peace3 Friddens-Klacken aus Krichs-Schrott fir Verdun, Saarbuerg a Mamer

Jeannot Ries
Fridden ass e Grondrecht, wat awer spéitstens zanter der russescher Invasioun an der Ukrain, och hei an Europa keng Selbstverständlechkeet méi ass.
3 Friddens-Klacken aus Krichs-Schrott fir Verdun, Saarbuerg a Mamer
Fridden ass e Grondrecht, wat awer spéitstens zanter der russescher Invasioun an der Ukrain, och hei an Europa keng Selbstverständlechkeet méi ass.

September 1984. De President Mitterrand an de Bundeskanzler Kohl, Hand an Hand zu Verdun. De Geste vun der Reconciliatioun, vum Asaz fir de Fridden. E Geste vun an Tëschenzäit enger universeller Symbolik.

40 Joer méi spéit hält de President vum Landtag vu Rheinland-Pfalz, Hendrik Hering fest, datt deen Dram fir ons Generatioun geplatzt ass. Un ons wier et elo, ons der vir anzesetzen, dat et op d’mannst fir déi nächst Generatioun klappe géif.

Ëmsou méi wichteg wier et deemno, datt mir all Dag drun ze schaffe, fir Demokratie a Fridden ze stäerken. Ee vun de Messagen zu Schengen, wou den Ausseminister Jean Asselborn sech un déi Jonk adresséiert huet:

''Passt op, dir däerft kee Millimeter noginn, wann et ëm d’Prinzippie geet vun der Demokratie. Well ouni Demokratie gëtt et kee Fridden an ouni Fridden keng Demokratie. ''

Éischt Gedanke goufe sech zu Saarburg a Mamer scho virun zwee an en halleft Joer gemaach. Zu Verdun am Weltfriddens-Zentrum gouf den Däitsch-Franséisch-Lëtzebuerger Projet ''All 4 Peace’’, dunn am Oktober 2022 definitiv op d’Schinne gesat.

Friddens-Klacke mat enger staarker Stëmm

Elo goufen déi 3 Friddens-Klacken, déi elo op Verdun, Saarbuerg a Mamer kommen, feierlech virgestallt. Zu Schengen. Am Dräilännereck. Wou Europa am Alldag Mënsche verbënnt. D’Initiative vum Sänger a Friddensaktivist Patrick Kelly, deen 2017 eng Friddens-Klack aus Krichs-Schrott géisse gelooss hat, huet déi Responsabel vun ‘All 4 Peace’ inspiréiert.

''Datt och Krichs-Schrott an där Klack mat dran ass, dat dréckt eigentlech d’Zesummenhalen aus. Dofir och d’Uertschaft Schengen wou mer d’Presentatioun kritt hunn. An déi Klack, déi kënnt elo op Mamer an der Brill, an eisen Naturpark. An dat dréckt och dat Zesummeliewen aus, vun iwwer 100 Natiounen, déi bei eis an der Gemeng Mamer sinn”, sou de Buergermeeschter Gilles Roth.

An der Klack, déi en Dënschdeg de Moien um Europadag zu Mamer installéiert gëtt, gouf Krichsschrott vu Verdun an aus dem Militärmusee vun Dikrech verschafft. Eng Klack Aus Koffer an Zënn, déi 91 Kilo weit a wéi d’Traditioun et wëll, op engem Freide Mëtteg, Punkt 3 Auer gegoss gouf.

''Zesumme mat menge Schwëstere vu Saarburg a Verdun gouf ech zu Saarburg gegoss a sti fir Fridden a Frëndschaft.’' sou steet fir d’Éiwegkeet drop.

Back to Top
CIM LOGO