
D'Police gouf wéinst engem méiglechen Abroch am Keller vun engem Méifamilljenhaus zu Keel geruff. Op der Plaz huet si e Mann begéint, deen do geschlof huet, deen awer sot, dass dat mat engem vun de Bewunner ofgeschwat war. Bei deem wieren awer Drogenutensilie fonnt ginn, wouropshin de Parquet Perquisitioune vun de Wunnenge vu béide Männer ordonéiert huet.
Do goufen dann d'Droge fonnt, och d'Laptoppen an d'Handye vun de Männer goufe confisquéiert an déi 2 koumen en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Um Freideg de Moie kuerz viru 6 Auer ass zu Esch/Lalleng en Automobilist opgefall, well en am Zickzack gefuer ass. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.