Am Lokalen3 Liichtblesséierter bei Accidenter um Dënschdegmoien

RTL Lëtzebuerg
Zu Wickreng, tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen an op der A13 huet et tëscht 8 an 9.30 Auer gerabbelt.
© CGDIS

An der Rue des Trois Cantons zu Wickreng krute sech 2 Autoen ze paken. Um CR142 tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen ass 1 Gefier accidentéiert an op der A13 tëscht Keel a Féiz sinn e Camion an en Auto net laanschtenee komm. An deenen 3 Fäll gouf jeeweils 1 Persoun liicht blesséiert.

Dann ass nach eng Persoun um 10.35 Auer zu Miersch an der Rue Colmar-Berg ugestouss ginn. Si ass ouni Blessuren dovu komm.

Back to Top
CIM LOGO