Chamber3 nei Petitioune kann ee vun dësem Freideg un ënnerschreiwen
Eng setzt sech derfir an, datt een déi 50 Euro-Bonge fir eng Iwwernuechtung och kann am Restaurant benotzen.
Eng aner freet dann, dass Haiser op d'mannst 200 Meter wäit ewech vu GSM-Antenne stoe mussen.
Déi drëtt setzt sech dann an, géint de "changement d'affectation" vum abordabele Wunnraum.
All d'Petitioune sinn ze fannen um Site vun der Chamber.