
Dat äntwert d’Justizministesch Sam Tanson dem LSAP-Deputéierten Dan Biancalana. D’Regierung hat sech am Koalitiounsaccord virgeholl, fir eng Alternativ anzeféieren zum männlechem a weiblechem Geschlecht um Etat civil. Dat fir virun allem intersex Mënsche gerecht ze ginn, déi duerch hir Anatomie net an déi eng oder aner Kategorie vun deem Binome falen, awer och net-binäre Mënschen, déi bei der Gebuert engem vun deenen zwee Geschlechter zougeuerdent goufen, sech awer mat kengem vu béidem identifizéiere kënnen. A senger Fro un d’Regierung huet den Dan Biancalana ënnerstrach, firwat dat a sengen Aen noutwenneg ass.
“Et soll eis alleguer wichteg sinn, datt all Persoun sech als Persoun an als Mënsch respektéiert fillt a säi Liewen esou fräi féiere kann, wéi si et wëll a wéi si et decidéiert a vun dëser Fräiheet soll all Persoun kënne profitéieren, fir säi Liewen esou opzebauen. A well mer och wëssen, dass intersexuell Mënschen oft Zil vun Diskriminatioune sinn. Wéi aus engem Presseartikel 2021 erauszeliesen ass, hu säit 2018 105 Persounen zu Lëtzebuerg e Changement de nom an de genre ugefrot. Eng Zuel, déi mat der drëtter Optioun am Persouneregëster sécherlech steige géif. Et ass awer och kloer d’Demande do, fir eppes um Status quo z’änneren. Well am Fong d’Argument, datt jiddwereen op eng 3. Optioun géing zréckgräifen, soll net dozou déngen, déi Betraffen auszeschléissen.”
Den Deputéierte wollt vun der Ministesch wëssen, wéi d’Reform zu Lëtzebuerg wäert ausgesinn – ob zum Beispill - wéi an der Belsch - de Sexe um Etat Civil soll ewech falen oder wéi an Däitschland eng 3. Kategorie “Divers” agefouert gëtt. D’Justizministesch Sam Tanson:
“Et ass elo nach e bësse fréi, fir iwwert de Contenu dovunner ze schwätzen, well mer eben och nach verschidden Optiounen am Gaange sinn ze verifizéieren, well dat eben e ganz groussen Impakt hannendrun huet. Et si vill Froen, déi sech stellen och am Lien mat de Prozedure vum Changement de nom, mat de Prozedure vum Changement de sexe, et si Froen déi sech stellen zu wéi engem Moment, do gëtt et och ënnerschiddlech Legislatiounen an deenen ënnerschiddleche Länner zu wéi engem Moment ee ka Changementer maachen, wéini ee muss wat uginn.”