Um Sonndeg3 Permise wéinst positiven Alkoholtester agezunn

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg huet d'Police wéinst positiven Alkoholtester nees e puer Fürerschäiner missen anzéien.
© Police (Archivbild)

Géint 15.30 Auer ass en Automobilist op der A4 wéinst senger opfälleger Fuerweis gemellt ginn. Op der Héicht vu Féiz konnt d'Gefier da gestoppt ginn. Wéinst engem positiven Alkoholtest gouf de Permis agezunn.

E weideren Automobilist ass dann an der Nuecht op e Méindeg zu Bouneweg wéinst senger Fuerweis opgefall a kontrolléiert ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis huet missten agezu ginn.

An der Stad ass eng Fra géint 3 Auer an der Nuecht an der Rue Ste Zithe opgefall, wéi si hannerzeg aus der Parkplaz rausfuere wollt an dobäi de Policewon liicht beréiert huet. D'Automobilistin ass dunn, trotz Signalisatioun fir stoen ze bleiwen, weidergefuer. Si konnt awer no enger kuerzer Poursuite ugehalen a kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO