Police mellt3 Permisen agezu wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
An der Stad huet d'Police direkt 2 Mol missen intervenéieren, well Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt haten.

An der Rue du Fort Wedell an der Route d'Esch sinn 2 Chaufferen der Police wéinst hirem Fuerstil opgefall. Den Alkoholtest ass bei béide Persoune positiv ausgefall. De Permis war op der Plaz fort.

E weidere Virfall gouf et e Sonndeg zu Ettelbréck. Och hei gouf de Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO